Coronamesuren
Eng kleng Zesummefaassung vun de Recommandatiounen:
D'Spiller an d'Aktivitéite solle mat méiglechst wéineg Kierperkontakt a wa méiglech dobaussen ausgefouert ginn.
Mir dierfen a Gruppe bis 10 Léit mat Mask* agéieren .
Mir dierfen a Gruppe bis 4 Léit sëtzend um Dech eppes Iessen.
Wärend der Versammlung musse mir permanent eng Mask* unhunn.
D'Gruppe musse fir sech bleiwen an dierfen sech net mat anere Gruppe mëschen.
Kanner mat Symptomer déi charakteristesch fir de Covid-19 sinn, dierfen net un den Aktivitéiten deelhuelen a sollen sech doheem erhuelen. (A ggf sech teste loossen)
D'Kanner sollen sech méiglechst oft d'Hänn wäschen. Dozou sollen si gudden Accès zu fléissendem Waasser an/oder Desinfektiounsmëttel hunn.
Et musse Flyer opgehaange ginn, déi weise wéi en sech richteg d'Hänn wäscht.
Am ëffentlechen Transport ass eng Mask* Flicht.
Et gëtt ofgeroden Händchen aus hygienesche Grënn unzehunn.
Zousätzlech Mesuren an Informatiounen:
All Scout & Guide muss eng nei a komplett Fiche médicale ofginn.
Mir bieden d'Elteren an d'Kanner nom Schluss vun der Aktivitéiten de Beräich ronderëm dem Home méiglechst zügeg ze verloossen.
D'Kommunikatioun tëscht den Elteren an de Cheffe soll wa méiglech digital (Mail, SMS, Whatsapp, asw) ofgehale ginn.
D'Kanner esou wéi d'Eltere musse scho beim ukommen esou wéi beim heem goen eng Mask* unhunn.
Eis Cheffen hunn eng Formatioun zum Thema "COVID" vum Service national de la jeunesse (SNJ) suivéiert.
Froen?
Da mellt iech w.e.g. bei ärem Brancheresponsabelen.