News
Recent News:
Umeldung fir d'Aktivitéiten
Fir Iech an Äre Kanner weiderhin de bescht méiglechen Encadrement ze bidden, muss dir Iech ab dem 08.11.2020 fir sämtlech Aktivitéite bei de Caper Piwitschen am Viraus umellen!
Déi aktualiséiert Mesure fannt Dir an eiser Rubrique Coronamesuren.
Older News:
Exposition Peintures & Sculptures - Frënn vun de Caper Piwitschen
Porte ouverte
19. September 2020 vun 14:00 - 16:00
Dir sidd interesséiert an d'Scouten ze kommen? Dann ass eis Porte ouverte genau déi richteg Geleeënheet fir mol schnupperen ze kommen.
Léif Memberen, léif Elteren, léif Frënn,
Duerch déi lescht Entwécklunge ronderëm de Coronavirus an de Recommandatioune vun der Regierung an der FNEL, soe mir all eis Gruppenaktivitéite bis de 31. Juli of.
Weider Informatioune fannt Dir hei: https://gouvernement.lu/…/12-cdg-extraordinaire-coronavirus…
Lénks Patt,
Är Cheffen
#homescouting
Weider Informatiounen ginn et hei: Spill a Spaass fir doheem
Updates zu de neien Challengen fannt dir op Facebook oder op Instagram.
Week 3
Week 2
Week 1
Assemblée Générale Ordinaire
Léif Memberen an Elteren,
Dir sidd alleguer häerzlech agelueden e Freideg, de 7. Februar 2020 op eiser Assemblée générale vun de Piwitschen deelzehuelen.
All weider Informatioune fannt Dir am Dokument.
Hei fannt Dir och nach e puer Fotoen vun eiser AG esou wéi de Video vun eisen Aktivitéiten 2018-2019.
D'Piwitschen op Instagram!
D'Caper Piwitsche sinn ab dem 12.11.2019 net nëmmen op Facebook, mee elo och op Instagram ze fannen.
Gidd mol bis laanscht kucken an abonnéiert eis!