News

Nikosmaart bei de PI

Endlech ass et erëm esou wäit!

No eiser Kleesercherssortie gëtt et e leckere Glühwäin, Feuerzangenbowl oder e Schocki fir Grouss a Kleng.

D'Kanner verkafen och erëm hier selwer gemaach Kichelcher & Gebastels.

Mir freeën eis op iech!

Caper Piwitschen

D'Piwitschen um Kielener Chrëschtmaart


All weider Infos fannt dir hei: https://www.kehlen.lu/agenda/ficheevent/chreschtmaart-26-11-2022

Umeldungsformular & Porte ouverte

Dir hutt Interessie bei der Caper Piwitschen deelzehuelen? Dat freet eis immens!

Opgrond vum héischen Undrang am Moment hu mir eng Waardelëscht wou dir iech hei drënner kennt androen.*

*Eis Waardelëscht geet réischt fir eis Porte ouverte am September op.

AG Caper Piwitschen 2020 - 2021 Video

Léif Member,

dir wëllt e puer Andréck vun eisem Scoutsjoer 2020 - 2021 ? Da kuckt iech eis Zesummefaassung fir eis AG un:

https://www.youtube.com/watch?v=jQKLZf1EMYI

Och e grousse Merci un eis Videoproduzentinnen!

Recent News:

Scoutskiermes 2022

Samschdeg, 2. Juli 2022 ab 16h


Heimatter invitéiere mer Iech ganz häerzlechst op ons Scoutskiermes e Samschdeg, 2. Juli ab 16h.


Spiller an Animatioun fir d'Kanner vu 16h bis 19h beim Chalet vun de Caper Piwitschen.


Fir Äre Burger Menü ze reservéieren (och e vegetaresche Burger steet zur Auswiel) musst Dir Iech iwwert folgende Link umellen. Am Burger Menü ass ee Burger, Fritten, Zalot an Dessert abegraff.

Ab 16h gëtt et Gedrénks, Gegrills a Fritten. De Burger gëtt ab 18h00 zerwéiert.


Bei Froen : piwitschen@piwitschen.lu


Fir d'Bezuelen vum Burger Menü: LU93 0030 0253 4057 0000 (BGL) mam Vermierk 'Burger Numm & Virnumm', Merci.

D'Caper Piwitschen um Kielener Chrëschtmaart

Kommt eis besichen op eise Stand um Chrëschtmaart zu Kielen op der Gemengeplaz.

Datumer:

Sa. 27.11. 11:00 - 22:00

So. 28.11 12:00 - 19:00

Kommt bis laanscht iessen a genéisst eng vun de ville leckere Saachen um Chreschtmaart. Géint d'Keelt hu mir leckere Bio-Glühwäin an awer natierlech och eis legendär Feuerzangenbowl.

Den Accès op de Chrëschtmaart leeft ënnert dem Regime CovidCheck.

Mir freeën eis op iech!



Link Gemeng Kielen:

https://www.kehlen.lu/agenda/fiche/2021/11/27/kielener-chreschtmaart-copy


Link Facebook Event:

https://fb.me/e/8u4GzEGuz

Older News:

D'Piwitschen op Instagram!


D'Caper Piwitsche sinn ab dem 12.11.2019 net nëmmen op Facebook, mee elo och op Instagram ze fannen.

Gidd mol bis laanscht kucken an abonnéiert eis!