Piwitschen go green
Säit Ufank vun Scoutsjoer 2019-2020 hunn d'Piwitschen als Thema "Go green". An dësem Kader wëlle/hu mir folgend Saache méi ekologesch an ëmweltfrëndlech gestallten/gestallt:
- Eis Aktivitéite wei Sortien a Versammlungen
- Eis Campen a Weekender (och am Ausland)
- Eist Home
- Eis branchen - a gruppeniwwergräifend Fester
- Eis Kommunikatioun ënnert de Cheffen an den Elteren
Fir eis Scouten ass dëst natierlech näischt Neies! Schonn de Baden Powell huet gesot, dass mir eis Welt e bësse besser hannerloosse sollen, wei mir se virfonnt hunn.
Schonn ëmgesat:
Schonn ëmgesat:
- Eis Aktivitéiten:
- Mir fueren, wa méiglech, mam Bus an Zuch vun der Cap aus op eis Aktivitéiten
- Mir schaffe mat der GREEN Equippe vun der FNEL zesummen, fir och mol méi ëmweltbewosst an ëmweltsensibiliséierent Aktivitéiten ze maachen.
- Eis Campen a Weekender:
- Mir hunn eis Menüen um Camp méi gesond gestallt. Et gëtt, am Géigesaz zu de leschte Joer, signifikant méi Geméis esou wei vegetaresch Menüen.
- Mir hunn eisen Undeel vu Bio- a Fairtradeiessen an de leschte Méint eropgeschrauft. Dëst ass net nëmme méi gesond, mee och nach ëmweltschounend!
- Bauereficelle fir eis Konstruktiounen duerch Ficellen ersetzen déi weider benotzt kenne ginn.
- Eist Home:
- Mir hunn e neie Mülltrennsystem am ganzen Home agefouert. Domat kenne mir eise recycléierbaren Dreck besser trennen a sou d'Ressourcen schounen.
- Mir si bei der "SuperDrecksKëscht fir Betriber" ugemellt, an halen eis un hier Ëmweltkrittären. Fréistens a 6 Méint kenne mir dofir eng Auszeechnung a Form vun hirem Emweltlabel kréien.
- Eis branchen- a gruppeniwwergräifend Fester:
- Mir bestellen eist Gedrénks beim Depositaire wou mir alles* mat Pfand geliwwert kréien. Mir hunn also kee Plastiksoffall méi, an och vill manner net-pfand Glasfläschen.
- Mir benotze keng** Styroporsbechere fir eise Glühwäin a sonsteg waarmt Gedrénks am Wanter méi mee eis 30-Joer-Piwitschentassen an eis Feuerzangenbowletassen, déi mir spulle kennen.
- Eis Kommunikatioun:
- Kommunikatioun mat den Elteren & Kanner leeft ausschliisslech per Mail
--> Mir spuere pro Joer min. 1200 Bréiwer a Blieder Pabeier
- Kommunikatioun mat der FNEL funktionéiert iwwert en online Tool
--> Mir musse keng Deklaratioune méi um Pabeier an d'FNEL schécken. Erspuernes vu mindestens 300 Blieder pro Joer
- Mir maache Reklamm fir eis selwer just nach digital--> Des fonctionéiert iwwer Facebook, Instagram an de Radio
*alles wat et als Pfandfläschen gett, dovun ausgeschloss sinn z.b Wäinfläschen** mir verschaffen nach eis scho kaaften Becheren, fir se net mussen onbenotzt fortgeheien, wa mir net genuch Tassen hunn.
Coming soon:
Coming soon:
- Secondhand Shop fir gebrauchten Piwitschen- Softshellen, Pullover, T-Shirten, Hiemer a Scoutsbichelcher/Vademecumer
- Emweltlabel vun der Superdreckskëscht fir Betriber kréien.
- Eng Smartheizung am Home installéieren, fir dass eis Heizung méi clever a virun allem manner leeft.
- Velosbadge fir d'Kanner déi mam Vëlo oder zu Fouss op eis Aktivitéite kommen.
- Fichier fir Fuergemeinschaften ënnert den interesséierten Elteren ze förderen.
Fir d'Zukunft geplangt:
Fir d'Zukunft geplangt:
- 100% BIO-Iessen op eise Camp'en an Aktivitéiten ouni dass se méi deier ginn.
- Fix Seefespender am Home
- Just nach biodegradabel Seef a Spüli am Home asetzen
- Fönner op den Toiletten fir kee Pabeier méi mussen ze benotzen
- CO2-Ausgläich vun eise Campen an Aktivitéiten
- Bio an CO2 neutral Piwitschekleeder (Softshellen, Pullover, T-Shirten,...)
- Zero-Waste Camp
E puer éischt Abléck:
E puer éischt Abléck:
Dir hutt nach Ideen oder Froen?
- Da mellt iech bei eis per Mail iwwer green(at)piwitschen.lu