Geschicht

Grënnung :

De Scoutsgrupp Caper Piwitschen ass offiziell den 11.4.1981 gegrënnt ginn, ënnert der Initiative vum deemolege Buergermeeschter vu Mamer, M. René Federspiel, dem Commissaire en Chef vun der FNEL, Mme Liz Gondoin-Goedert an dem Commissaire vun de Wëllefcher vun der FNEL, M. Roland Gut. Den éischten Comité war ënnert der Leedung vun der Mme Anita Reuter-Henkes, eng fréier Cheftaine vun de Campeuses bronzées.


Éischte Comité :

Den éischte Comité vum neie Scoutsgrupp Caper Piwitschen huet sech folgendermoossen zesumme gesat: Anita Reuter, Présidentin; Roland Gut, Secrétaire; Paul Haas, Trésorier; Maisy Hertges, Paulette Nicolay, Paul Nicolay, Pit Nicolas, Fernand Weiland, Membren.

Den Ufank :

Vun Ufank un huet den neie Grupp aus der FNEL e ganz groussen Zouwuess fonnt. An der éischter Wëllefchersversammlung ware schonns 49 Kanner aus der Capellener Géigend. Déi éischt Infrastrukturen déi de Caper Piwitschen zur Verfügung stounge ware 4 Säll um leschte Stack vun der Primärschoul zu Capellen, 47 route d'Arlon. Hei war de Grupp bis 1991 ënnerbruecht, ausser 1984 wou d'Caper Piwitsche kuerzfristeg an engem Atelier vum H.M.C. zu Capellen seng Versammlungen ofgehalen huet, well d'Schoul renovéiert ginn ass.

No der Primärschoul, am Centre Culturel :

1991, sinn d'Caper Piwitschen dunn awer an deen neie Centre Culturel vu Capelle geplënnert. Do huet de Grupp 3 Säll am Keller vun dësem Centre Culturel an Usproch geholl.

Nom Centre Culturel, an hirem eegene Chalet :

Säit 2003 si mir elo am Chalet hannert den Tennisfelder op der Cap. Hautdesdaags zielt de Grupp iwwert 150 aktiv Memberen a wiisst säit de leschte Jore bestänneg ëmmer méi un. Nieft de Scoutsaktivitéite si mir och um kulturellen a soziale Plang aktiv. Mir sinn ëmmer bereet ze hëllefe wann eise Kalenner et erlaabt.


Aktuelle Comité :

Am aktuelle Comité sinn:

Président :

Michel Ruppert

Sekretär :

David Burg

Trésorier :

Anne Weis

Membres :

Pouss Blau

Paul Haas

Claudine Meyer

Eric Welter

Anne Groff

Steffen Troch

Raymond Seburger

Damiano Schettini

Corinne Spoden

Hengi Schreiner

Cathy Meyer

Kai Rost

Pol Hermes

Tina Agosta

Luc Krier