Branchen

Beaver 5-8 Joer

mat 5 Joer (virum 1. September)

D’Beaver gëtt et bei de Piwitschen eréicht säit dem Joer 2000. Duerch d’Beaver sinn d’Branchen vun de Caper Piwitschen komplett. Fir d’Beaver gi ganz vill Aktivitéiten gebueden: Bastelen, Gruppespiller, Baken, Kachen an kleng Sortien. Wanns du Loscht hues fir bei eis an de Beaverdamm ze kommen, dann komm einfach bei ons laanscht, mir hunn während der Schoulzäit Versammlung all Samschdeg vun 14h-16h am Home.

Wëllefcher 8-11 Joer

mat 8 Joer (virum 1. September)

D’Wëllefcher ass d’Branche vun den 8 bis 11 Jähregen. Schonns am zweete Schouljoer bass du Wëllefchen. Mir maache Versammlungen, Sortien awer och Weekender a Camp’en. Mir treffen ons Samschdes während der Schoulzäit vun 14h-16h am Home.

Scouten a Guiden 11-14 Joer

mat 11 Joer (virum 1. September)

Bei de Scouten huet een tëscht 11 a 14 Joer. Hei zielt een scho bal zu de Groussen bei de Piwitschen. Si sinn ganz aktiv a bidden ee flotten an ofwiesslungsräiche Programm un : Trajet, Nuetsspill, Hike, Theater, Orientatioun, Weekender an Camp’en dierfen och net fehlen. Am Summer gi mer meeschtens fir 2 Wochen op ee Camp, heiandso souguer och an d’Ausland.

Explorer 14-16 Joer

An de Gruppen sinn d’Explorer an „Unitéiten” opgedeelt an d’Bezeechnung „ChefScout" ass duerch „Responsablen” ersat ginn, well an dem Alter (14 bis 16 Joer) sollen d’Aktivitéiten zësummen decidéiert, organiséiert an duerchgefouert ginn. D’Coordinatioun vun dem Ganzen, huet de Responsable Unité Explorer (RUE). Hien ass och zoustänneg fir d’Relatioun zu deene anere Branchecheffen, dem Gruppechef, sou wéi zum Explorercommissariat. Gehollef kritt hien vun engem Assistant Responsable Unité Explorer (ARUE). D'Aktivitéiten ginn zesummen decidéiert an organiséiert, sou dass jidfereen säin Deel bäidroen kann waat en maache well.

Rover 16-21 Joer

D’Rover sinn déi eeler am Grupp, si sinn och oft nach an aner Branchen aktiv. Si machen och vill verschidden Aktivitéiten ewéi Visiten an grouss Stied, Auslandscamp’en, Sortie op de Märtchen, Keelenspillen an nach vill Aanerer. Dëst fanne oft mat den Tembo zesumme statt. 

Tembo 21+ Joer

D'Tembo ass déi néi Branche vun der FNEL fir all déi eeler aus dem Grupp.  Si ginn och nach Rover+ genannt. Hier Aktivitéite fannen normalerweis mat de Rover zesumme statt oder se sinn an enger vun aner Branchen als Chef aktiv.